20.11.2024
Kannerrechtsdag 2024 - Zesumme staark fir d'Rechter vun de Kanner
Wien “Kannerrechter” seet, seet “Participatioun”! Am Kader vum Kannerrechtsdag 2024 deelen d’Memberen vum KaJuPa - eisem Kanner- a Jugendparlament - déi Rechter, déi hinnen um Häerz leien, mat hiren eegene Wierder a kreative Zeechnungen, mat. Dat éischt Recht am Fokus: de Respekt vun der Meenung vum Kand! Well all Kand huet d’Recht, seng eege Meenung ze soen an och gehéiert ze ginn.
2.D'Recht op Fräizäit, Spill, Konscht a Kultur. D'Membere vum KaJuPa betounen, wéi wichteg dës Momenter fir hiert Wuelbefanne an hiren Entwécklungsprozess sinn.
3. Recht op Identitéit
4. Rechter vun Kanner mat Bëhennerung
5. Recht op Schutz a bewaffnete Konflikter
6. Recht op Zougang zu Bildung