Publié le 01 Juni 2023
Summerfest 2023
De 18. Juni 2023 feiere mir am SOS Kannerduerf zu Miersch eist traditionellt Summerfest.
Kommt a feiert mat eis onse 55. Gebuertsdag !
En ofwiesslungsräichen Programm fir d’ganz Famill gëtt gebueden.
Um 10.30 : Hoffnungsfeier mam Paschtouer Félix Steichen
Vun 11.00 bis 19.00 Auer: Spiller, Concerten, Animatiounen, Tombola, Iessen a Gedrénks a Villes méi
Spiller, Animatioun an Zirkus-Ateliere :
FIR D‘KANNER : Zauber-Ateliere, Jongléieren, Facepainting, Intefëschen,
Walking acts, e Ballonssculpteur a Villes méi.
E klengt Zirkuszelt mat enger Zaubershow an dem Theaterstéck Pianissimo.
FIR DÉI JUGENDLECH : Loungebar a Graffiti-Wall bei eisem Jugendbus
Musek
Concerte vun ënner anerem DANIEL BALTHASAR & BAND, SOLEXX, PIANOMAN. Den ALEX BREIDT spillt a séngt mat Kanner Eegekompositiounen vun de Kanner a
Jugendlechen aus dem SOS Kannerduerf.
Iessen an Gedrenks
Gutt KNIDDELEN, VEGAN BOWL, TARTES FLAMBÉES, GEGRILLTES a vill SÉISSES fir den Dessert. Eise GEBUERTSDAGSKUCH dierf natierlech net feelen.
Bünenprogramm
Auerzäit | Programmpunkt | |
10.30 - 11.00 | Hoffnungsfeier mam Paschtouer Félix Steichen | grouss Bün |
11.15 - 11.45 | Djembé-Presentatioun | grouss Bün |
11.45 - 12.15 | Theaterstéck "Pianissimo" | klengt Zirkuszelt |
12.30 - 14.00 | Musek mat Solexx | grouss Bün |
14.00 - 15.00 | Zaubershow | klengt Zirkuszelt |
15.00 - 15.30 | offiziellen Akt mat engem gudde Gebuertsdagskuch | grouss Bün |
15.30 - 16.00 |
Musek mam Alex Breidt Presentatioun vun Eegekompositiounen vun de Kanner a Jugendlechen aus dem SOS Kannerduerf |
grouss Bün |
16.15 - 16.45 | Theaterstéck "Pianissimo" | klengt Zirkuszelt |
16.45 - 17.45 | Musek mat Daniel Balthasar an Band | grouss Bün |
18.00 - 19.00 | Pianoman | Bar |
Zauber-Ateliere fannen vun 12.30 bis 13.00 a vun 13.15 à 13.45 statt.
Gratis Navette :
Mierscher Gare - Parking Schlasspesch - Méchelsplaz - Kannerduerf
Adress vum Dag :
SOS Kannerduerf
10 rue Hermann Gmeiner, L-7534 Mersch
Weider Informatiounen an den genauen Programm, kommen geschwënn no