News
Publié le 01 Juni 2022
Publié le 01 Juni 2022
Grousst Summerfest am SOS Kannerduerf zu Miersch– ee flotten Dag fir d’ganz Famill
![Facebook-Post](/thumbs/465f9010-d647-11ee-80a1-01e201052df1-lowRes.png)
De 26. Juni 2022 feiere mir am SOS Kannerduerf zu Miersch eist traditionellt Summerfest.
En ofwiesslungsräichen Programm fir d’ganz Famill :
10h30 :
- Kanner- a Jugendmass
12h00 – 18h00 :
- Spiller an Ateliere fir Kanner : Facepainting, Intefëschen, Sprangschlass, Animatioun mam Jonn Happi, ...
- Tombola fir Kanner a fir Erwuessener
- Loungebar a Graffiti-Wall fir déi Jugendlech
- De ganzen Dag iwwer Musek mat ënner anerem engem Concert-Apéro vun der Mierscher Musek, live Hip Hop mam V.I.C a Concerte vun Jungle Juice a Solexx
- Fir Iessen a Gedrénks ass och gesuergt : e gudde Plat (Bouchée à la reine oder Vegan Bowl), ee Pizza Food Truck, Gegrilltes a vill Séisses fir den Dessert
Eng gratis Navette fiert tëscht der Mierscher Braderie an dem Kannerduerf.
Programm op der grousser Bün | |
10.30 bis 11.30 | Kanner- a Jugendmass |
12.15 bis 13.00 | Concert-Apéro mat der Mierscher Musek |
13.30 bis 14.00 | Zumba fir mat ze maachen |
14.30 bis 15.30 | Concert vun Jungle Juice |
16.15 bis 17.00 | Hip-Hop mam V.I.C |
17.00 bis 18.00 | Concert vun Solexx |
Kommt a feiert mat eis
all zesummen um Summerfest!