News
Publié le 19 Dezember 2022
Publié le 19 Dezember 2022
Traditionell Chrëschtfeier am SOS Kannerduerf
![Pictur](/thumbs/3c7ac560-d647-11ee-844b-ff7617255e18-lowRes.jpg)
Och dëst Joer war eis traditionell Chrëschtfeier fir Kleng a Grouss aus dem SOS Kannerduerf Lëtzebuerg.
Ënnert dem Motto “Kennt Dir de Message vu Chrëschtdag” gouf ee flotten Optrëtt gebueden, fir Iessen a Gedrénks war natierlech och gesuergt an d’Chrëschtdagsstëmmung gouf ofgeronnt duerch eng Ronn mat der Päerdskutsch duerch d’Kannerduerf zu Miersch.
E grousse Merci un jiddwereen, dee gehollef huet dëse flotten Event op d’Been ze stellen, an en ganz besonnesche Merci un d’Kanner an déi Jonk fir déi flott Show!