News
Publié le 07 Oktober 2022
Publié le 07 Oktober 2022
De Jugendbus an sengem neie Look
![Jugendbus 2](/thumbs/3f073c70-d647-11ee-be2a-61e5e3494597-lowRes.jpg)
De leschte Week-end hunn d’Kanner an déi Jugendlech weider um Projet, dem Jugendbus, geschafft.
Mam Graffiti-Kënschtler Pasko gouf dat zesummen ausgeschaffte Konzept fir den Design vum Bus ëmgesat.
D’ganz Communautéit vum SOS Kannerduerf ass begeeschtert vum Resultat a freet sech schonn op déi nächst Schrëtt an der Realiséierung vun dësem flotte Projet!