Publié le 10 Juli 2022
Semaine de la Santé mentale - Feel the music - E flotte Start an d’Liewen duerch Musek
Am Kader vun der "Semaine de la Santé mentale" organiséiert SOS Kannerduerf Lëtzebuerg e musikalesche Moment fir Famillje mat klénge Kanner mam Workshop: Feel the music - E flotte Start an d’Liewen duerch Musek
Schonn am Mammebauch léiere mir Mënsche ganz fréi, ze lauschteren. Mir héiere Geräischer, Stëmmen, mir fille Pulsatiounen a Rhythmen. Eng Kéier op der Welt, genéisse mir et, wa mir an de Schlof gesummt ginn. Mir freeën eis, wa fir eis gesonge gëtt a scho fréi fanne mir Spaass drun, eis op Musek ze beweegen an ze danzen. Musek verbënnt Mënsche mateneen a si wierkt sech positiv op eist Erliewen an op eist kierperlecht an emotionalt Wuelbefannen aus.
Dëse musikalesche Moment soll dem Kand an den/m Elteren(deel) et erlaben, spilleresch mateneen a Kontakt ze sinn an ze spieren, wat Musek an eisem Kierper bewierkt a mat eis als Mënsch mëcht. E soll derzou ureegen, fir sech ze trauen, reegelméisseg mateneen a fireneen ze sangen, Musek ze maachen an ze danzen a soumat eng positiv Entwécklung vum psychesche Wuelbefanne bäi groussen a klenge Mënschen ze fërderen.
Wéini?
Méindes, den 10. Oktober 2022
9:30-10:15 Auer: Kanner vun 0 bis 1,5 Joer a Begleedung vun op mannst engem Elterendeel
11:00-11:45 Auer: Kanner vun 1,5 bis 3 Joer a Begleedung vun op mannst engem Elterendeel
Wou?
am SOS Kannerduerf Lëtzebuerg zu Miersch
10, rue Hermann Gmeiner
L-7534 Mersch
Sprooch:
Lëtzebuergesch
Virkenntnesser:
et brauch ee keng musikalesch Virkenntnesser
Material:
Et ass alles do wat gebraucht gëtt. Gären däerft Dir och Rëselen asw. vun doheem matbréngen. W.e.g. bequem Kleeder undoen.
Tarif: gratis
Maximal Gruppegréisst: 15 (Kanner + Erwuessen)
Umeldung:
villagesos@kannerduerf.lu
oder telefonesch um 32 90 03 -1