News
Publié le 28 July 2022
Publié le 28 July 2022
Mir sichen nei MataarbechterInnen
Mat méi wéi 190 Mataarbechter, déi wärend dem ganze Joer iwwer 500 Kanner, Jugendlecher a Familljen encadréieren, ass d’Kannerduerf en zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef.
D‘Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf sicht :
Educateurs diplômés (m/w)
- Fir hiren Centre Socio-Thérapeutique „Klick Klack“ zu Miersch: CDI - 75% Tâche (ref: KKEDDCDI07)
- Fir an hire verschiddene Kanner- a Jugendwunngruppen ze remplacéieren : CDI - 100% Tâche (ref: REMPLACANTCDI07)
Aide socio-familiale (m/w)
- Fir hire Centre Socio-Thérapeutique „Klick Klack“ zu Miersch: CDI - 80% Tâche (ref: KKASFCDI07)
Auxiliaires de vie (m/w)
- Fir an enger Kannerduerffamill zu Miersch: CDI - 100% Tâche (H2AUXCDI07)
Psychomotricien (m/w)
- Fir hire Centre Socio-Thérapeutique „Klick Klack“ zu Miersch: CDI - 50% Tâche (ref: PsymKK07)
Psycholog (m/w)
- Fir hiren therapeuteschen Jongenwunngrupp zu Grooljen: CDI - 50% Tâche (ref: GHPSYCDI)
Psychologe mat psycho-therapeutescher Ausbildung (m/w)
- Fir hire Service „Fleegefamilljendéngscht“: CDI - 50% Tâche (ref: PSYCDI07)
- Fir hire Service „Psychologeschen Berodungsdéngscht “: CDD - 50% Tâche (ref: PSYCDD07)
Äre Profil:
- En unerkannten Diplom oder eng Equivalenz; mat der „autorisation d‘exercer“ fir den Educateur diplomé, Auxiliaire de vie, Psychomotricien an Psychologue / Psychotherapeut.
- Lëtzebuergesch a Franséisch (obligatoresch), Däitsch ass e Virdeel
- Disponibilitéit vir variabel Aarbechtszäiten
Wat mir bidden:
- Eng diversifizéiert an intressant Aarbecht an engem dynameschen Team
- Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS
Wann Dir intresséiert sidd, schéckt Är schrëftlech Bewerbung (Liewenslaf mat Foto, Motivatiounsbréif, Kopie vum Diplom, Casier judiciaire n°3, n° 4 a n°5) mat der respektiver Referenz un jobs@kannerduerf.lu.