Publié le 31 August 2020
Hey Dudoo!
![Dudoo](/thumbs/5924f4b0-d647-11ee-a2b9-6f8c466c9ad9-lowRes.jpg)
Den Dudoo steet fir d’Recht vun all Kand, an engem schützenden...
Den Dudoo steet fir d’Recht vun all Kand, an engem schützenden Liewensëmfeld opzewuessen. Dofir kréien all Kanner/Jugendlech déi am SOS Kannerduerf opgeholl ginn, en Dudoo geschenkt.
Den Dudoo gouf no de Virstellunge vu Kanner a Jugendlechen aus dem Kannerduerf kreéiert. 2 Designer (Julie Conrad a Jan Glas) hunn an engem Workshop mat de Kanner op eng kreativ Manéier un de Froe geschafft: “Wat mécht mech rosen/traureg?” a “Wat hëlleft?”. Aus den Äntwerte vun de Kanner ass duerno den Dudoo entstan. Mat sengem mëlle bloe Pelz, dem frëndleche Gesiicht a senge groussen Oueren (déi een auswiesselen an individuell gestalte kann) ass den Dudoo den ideale Frënd a Beschützer fir all Kand, oder fir déi, déi an hirem Häerz nach Kand bliwwe sinn.
Mee den Dudoo kann een och am Kannerduerf kafen fir villäicht sénge Kanner, Neveuen/Niessen oder Enkelkanner e schéine Kado ze maachen. All Infos um 32 90 03 - 1.