News
                                    
                                    
Publié le 30 September 2019
                                Publié le 30 September 2019
Clearstream am Kannerduerf
 
                                                        De 27.09.2019 huet Clearstream säi Social Day am Kannerduerf organiséiert.
De 27.September 2019 huet Clearstream säi schonn traditionelle Social Day am SOS Lëtzebuerger Kannerduerf zu Miersch organiséiert. Op dësem aktiven Dag, hunn ëm di 23 Mataarbechter vu Clearstream eng Hand am Kannerduerf ugepaakt.
Beem goufe geplanzt, ee Gaardenhaischen opgeriicht an een Deel vun der Spillplaz ugestrach.
Den Enthusiasmus bei de Leit war grouss. Clearstream iwwerhëlt d’Käschten déi mat dësen Aarbechte verbonne sinn.
Merci u Clearstream fir hiren Asaz fir d'Kannerduerf.