News
Publié le 08 novembre 2022
Publié le 08 novembre 2022
Mir sichen een Educateur gradué (m/w/d) fir eise Service de logement en milieu ouvert (SLEMO)
D’Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf sicht fir hire
Service de logement en milieu ouvert (SLEMO):
Een Educateur gradué (m/w/d)
CDI – Vollzäit oder Deelzäit (min 75%)
Ref: EDGSLOCDI1101
Är Aufgaben:
- Dir begleet an ënnerstëtzt jonk Erwuessener an enger Wunneng oder Wunngemeinschaft vun der Fondatioun op hirem Wee an en autonoomt Liewen
- Optragszoustellung a Facturatioun iwwert accords de prise en charge (APC) vum Office National de l’Enfance (mesure 8.2.)
Äre Profil:
- Dir hutt en unerkannten Diplom als Educateur gradué oder similär (Niveau Bachelor)
- Erfarung an der Begleedung vu Jugendlechen / jonken Erwuessenen ass vu Virdeel
- Eng Bereetschaft zur Weiderbildung ass eng Viraussetzung
- Dir sidd bereet, Är Aarbechtszäite flexibel de Bedierfnisser vun Äre Clienten unzepassen, dat heescht: Dir sidd tëscht Méindes a Samschdes am Asaz och bis an den Owend eran
- Dir schwätzt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch, a villäicht nach eng véiert Sprooch
- Dir hutt e Führerschäi B
Mir bidden:
- Dir sidd een Deel vun engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef
- Reegelméisseg Versammlungen, Supervisiounen a Formatiounen (mat besonneschem Fokus op Traumapedagogik)
- Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS
- Sympass Kaart
Wann Dir un dëser Offer interesséiert sidd, schéckt Är schrëftlech Bewerbung (Liewenslaf mat Foto, Motivatiounsbréif, Kopie vum Diplom, Casier judiciaire n°3, n° 4 a n°5) mat der respektiver Referenz bis de 21.11.2022 un jobs@kannerduerf.lu.