Publié le 23 Oktober 2024

Zweet Editioun vun der SOS Kannerduerf GoWild Challenge

2

„Wat brauch ech wierklech an ab wéini ass eppes „Luxus“?“, dës Fro hunn sech d’Kanner an déi Jugendlech bei der SOS Kannerduerf GoWild Challenge 2024 misse stellen. Ausgestatt mat nëmmen dem Néidegsten, hunn si sech iwwer 3 Deeg a Begleedung vun hiren Educateuren de verschiddensten Erausfuerderungen dobaussen an der Natur gestallt.

Resultat :
- Vill nei Erfarungen, déi si zesummen an iwwert sech erauswuesse gelooss hunn.
- Nei Kompetenzen : vum Kachen iwwer e Lager bauen mat deem wat d’Natur eis bidd.
- A virun allem vill zefridden an glécklech Gesiichter .

Fir méi iwwert eise Aktivitéiten am Beräich vun der Erliefnispedagogik gewuer ze gin, klickt hei:  https://kannerduerf.lu/.../padagogische.../erlebnispadagogik