Publié le 23 Oktober 2024
Réckbléck op den Vernissage vun der Ausstellung « Le grand 8 des émotions » (« déi 8 grouss Emotiounen »)
Vun Onsécherheet iwwer Angscht bis Trauregkeet, awer och Freed - d'Ausstellung huet all d'Emotiounen, déi d'Kanner am vergaangene Schouljoeram CST KlickKlack erlieft hunn erëmgespigelt. Déi jonk Kënschtler hu mat hire liewege Wierker beandrockt, déi ganz verschidde Sënner ugeschwat hunn an am Kader vun engem flotte Projet entstane sinn. Inspiréiert vun grousse Meeschter vun der Konschtgeschicht, hunn si hir Emotiounen exploréiert an ausgedréckt, an esou hirt Selbstwaertgefill gestäerkt. D'Visites guidées, déi während dem Vernissage organiséiert goufen, waren e grousse Succès an hunn et de Visiteuren erméiglecht, d'emotional Welt vun de Kënschtler z'entdecken an no ze vollzéien.
E grousse Merci un d'ganz Equipe vum CST KlickKlack, déi d'Kanner wärend dem ganze Projet begleet hunn, an un d'Société Générale fir hire generéisen Don, deen eis dës schéin Ausstellung méiglech gemaach huet. Är Ënnerstëtzung huet eis jonk Talenter befligelt!